31
2023
Mar

CaraPio IronScout

Iron Scout

Dëst Joer fënnt den Iron Scout nees statt.

65 km, 24h !
#edition15 #carapiosueden

Deng CaraPio wëllen hier kierperlech Limitten testen an iwwert sech selwer erauswuessen? Dann ass den IRON SCOUT genee de richtegen Challenge fir si.

Kuck den Trailer! klick hei!

Plaz

Start/Schluss beim Déifferdénger Chalet.

Adress: 175, av de la Liberté, L4602 Niederkorn

Start

Freides owes den 31. März 2023 tëschent 18h00 an 18h30. (Mobilitéit.lu)

Schluss

Sonndes den 2. Abrëll 2023 ab 11h00 Auer.

Oflaf

D’CaraPio starte fréi mueres an hunn da maximal 24 Stonnen Zäit fir de ganze Wee ze trëppelen. Natierlech ka jiddereen och éischter ophalen.

Chef

Chef kënnen um Iron Scout net mattrëppelen. Si engagéieren sech bei verschiddene Chargë fir den Encadrement vun de CaraPio ze garantéieren (Ravi, Posten, Taxi …).

Sponsoring

D’CaraPio kënnen sech Sponsore loosse pro Kilometer den si trëppelen. Den Erléis heivu geet un d‘Associatioun Stroossengelen.

Nodeems dir de Virement fir är Trupp gemaach hutt, kritt dir e Mail mat all de weideren Detailer zum Oflaf an zum Sponsoring.

De Sponsoring Ziedel kanns du hei downloaden: klick hei

Präis CaraPio

35€ Basic Iron-Package : 5 Gänge-Menü, Badger, Taxi an eng Bloderplooschter
55€ Premium Iron-Package : Basic Package + T-Shirt + VIP Taxi + 2. Bloderplooschter

Präis Chef

– 20€
– 40€ mat T-shirt

Umeldung

Umeldeschluss ass den 1. Februar 2023.

D’Umeldung leeft iwwert de Formulaire um LGS Site hei ënnendrënner. (klick hei)

Iwwerweisen op dëse Kont:
Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche CaraPio
Bill IBAN LU38 0026 1827 9868 5600
Vermierk « Trupp, Iron23, Unzuel CaraPio, Unzuel Chef, Unzuel T-Shirts »

Material

  • Foulard
  • Sponsorziedel!
  • Klenge Rucksak
  • Schlofsak a Carrymat
  • Gamelle a Besteck
  • Waasserbidon (kann opgefëllt ginn)
  • Schmierekëscht
  • Liblingssnack (alles anescht fir z’iesse gëtt et op de Posten)
  • Täscheluucht & Ersatzbatterien
  • Giele Gillet
  • Reejacket an eppes géint d’Keelt
  • Schung fir 65km iwwert Feld- a Bëschweeër ze goen
  • Spullduch
  • Aktuell Fiche Médicale

Iron Chef

Dëst Joer fënnt och den IronChef nees statt. Organiséiert vun der CaraPio Regional Ekipp Süden.

Dës Aktivitéit ass fir all Leit ab RaRo Alter! Den IronChef fënnt vum 17. op de 19. Mäerz zu Déifferdeng statt. Méi genau Detailer an Präis kennt no der Umellung.

Sierft Iech bewosst, dass den IronChef en Deel vun der Preparatioun fir den IronScout ass. Den néien Wee fir Editioun 2023 gëtt bei dësem Challenge mat der Kaart oofgetrëppelt an den Wee ass net markéiert. Puer Posten sinn assuréiert awer net sou vill wei um IronScout.

Du bass interesséiert mat ze goen? Oder du hues Froen? Da mell dech per E-Mail op: ironscout@lgs.lu

 

Bis Geschwënn,

CaraPio Süden