Schwätz mat! Maach mat! Bestëmm mat!

Participatioun bei den LGS

Du bass der Meenung, Jugendlecher a Kanner sollen am Grupp matschwätzen, matgestalten a matbestëmmen?

Du wëlls dech an denger Roll als Chef weiderentwéckelen?

Du hues vum Mini-Grupperot héieren, bass virwëtzeg a wëlls méi gewuer ginn?

Da bass du hei genau richteg!

Mir beschwätzen zesummen, de Wat, Fir

wat a Wéi vu Participatioun am Grupp.

Zil soll et sinn, mat dir zesumme Iddien a Methode wei de Mini-Grupperot, konkret fir däi Grupp auszeschaffen, sou dass du des direkt ëmsetze kann.

 

Datum: 13.Mee.2023 // 10:00 bis 17:00 Auer

Wou: Um Neihaischen

Präis: 15 Euro (Iessen inclus)

Umeldung: chefbox.lgs.lu/portal/katalog/forcon/pedagogesches/  

Fir  weider Infoe kennt dir iech gäre beim Liz mellen: liz.feinen@lgs.lu // 26 94 84 36

Klick op d’Bild