Dir hutt um Chefdag vum Actionbound héieren, a kënnt Iech awer elo nach net sou genau virstellen, wéi dir dat mat de Wëllefcher emsetze kënnt?
Hei kommen e puer zousätzlech Erklärungen:
Den ActiounBound kann als een Deel vun engem Rallye gemaach ginn. Z.B. op engem Rallye-Posten steet der Sixaine ee Gerät zur Verfügung mat deem si e puer Rätselen léise kënnen. Wëllef déi fir ee ganzen Actionbound mam Handy duerch de Bësch lafen, ass net eist Zil.
Eng aner Méiglechkeet ass, fir den ActionBound an der Chefekipp tëscht de Chef ze notzen oder a méi ale Branchen wéi bei de Wëllefcher. En ActiounBound kënnt dir selwer erstellen oder schonn e fäerdege spillen deen dir mat der Sichfunktioun fannt.
Wann dir Interessi un engem real-life-escape hutt, da kuckt emol an der Chefbox. Do kënnt dir bei ‘Reservatioun pädagogesch Kofferen’ natierlech och den ‘Outdoor Escape Game’ ausléinen. Dee gëtt et och fir Biber/Wëllef (an och fir déi aner Branchen). Hei d’Erklärung vum Site:
“Sidd dir bereet fir en Exit Game dobaussen? A klengen Ekippe vun 3-6 Persoune musst dir zesumme Rätselen an Aufgabe léisen fir iech ze befreien. An dat alles a maximal 2 Stonnen.
Egal ob matzen am Bësch oder ganz no bei iech, beim Home – d’Escape Game ka bal iwwerall stattfannen. Vill Plaz braucht dir och net.
Et gëtt zwee verschidden Escape Gamen. Pro Spill si Materialie fir max. 4 Ekippe mat dobäi. Nieft enger detailléierter Spillerklärung fannt dir bal all Material am Koffer.
«Gefangen im Tausend-Morgen-Wald – eine Schatzsuche» (Escape Game fir Biber a Wëllefcher)
Wärend dir als Visiteure vum Hundert-Morgen-Wald e flotten Dag mat Elfen, Zwergen & Co. erlieft, gëtt d’Schatzkëscht vum Zwergekinnek geklaut. De Kinnek ass esou rooen doriwwer, datt de ganze Bësch mat engem Bann beluecht gëtt. Dat heescht, dir kënnt de Bësch eréischt verloossen, wann d’Schatzkëscht erëmfonnt ginn ass. Dofir gëtt äre Hëllef gebraucht. Sidd dir bereet fir d’Aventure?”
Mir hoffen, mir konnten iech weider hëllefen…
Vill Spaass,
är Ekipp