STIP 2019
Neihaischen
Léif STIPisten,
Dir hutt ierch gemellt fir den 1. Zyklus vun der Avex-Formatioun ze maachen. Am Viraus soe mir ierch scho Merci fir aert Engagement an, dier waert gesinn, dier waert des puer Deeg net bereien.
Hei nach e puer Rappelen :
Thema : Lëtzebuerg
Wéini : Freides, den 19. Abrell geet et um 16:00 Auer lass RDV ass op der Sandweiler Gare a mir maachen ee klengen Hike an de Chalet. Mir verloossen de Chalet Meindes den 22. Abrell géint 16.00 Auer. Ee Verloosse vum STIP ass am Normalfall net méiglech.
Methodendaag: Sonndes den 21. Abrell vun 8:00 bis ongefeier 23:00
Wou : De STIP ass um Neihaischen am Chalet.
OPGEPASST : D’Sessiounen gin deelweis am Chalet, awer och dobaussen ofgehaalen.
RDV ass awer um 16:00 op der Sandweiler Gare!!!!
Prais : Dir hudd den STIP mam Iwerweisen vum Betrag fir den éischten Zyklus bezuelt.
Waat musst dir matbréngen?
Alles waat ee sou als Scout op engem WE mathellt!!
Uniform, Foulard (hun mir un wann mer kommen)
Kleeder fir dobannen an dobaussen
Pyjama
Gamell
Täscheluut
Wäschsaachen
Schlofsack
asw.
eng Verkleedung zum Thema
DI AUSGEFELLTEN FICHE MEDICALE (Formulaire F09)
eng Foto fals dir kéng op d’Formatiouns-Demande gepecht hutt
Bic a Bloc
En eidelen USB-Stick vun Minimum 8 GB greisst fir d’Dokumentatioun all drop ze kreien an kennen mat heem ze huelen. Onbedengt ären Numm op den Stick schreiwen
Suen fir an der Bar
déck Schung fir eraus
Hausschlappen fir am Chalet
Kichendicher
Evt. Bicher mat Spiller, Lidder asw. fir Aktivitéiten virzebereeden
Evt. Musiksinstrument wann dir et spille kennt
asw.
Wann dir nach Froen hudd, mellt ierch w.e.g. per Mail un avex@lgs.lu.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréisss,