08
2020
Feb

Wanter Charity Hike

10:00

Miersch

Den Charity Wanter Hike ass eng Aktivitéit, déi an d’Liewe geruff gouf vir d’Odyssee’en, déi am Summer 2020 stattfannen, ze ënnerstëtzen. Haaptzil vun dëser Aktivitéit ass et, Don’en ze sammelen, déi benotzt ginn, vir d’Camp-Chantier’en ze finanzéieren.

Stéchdatum ass den 08.Februar 2020, vun 10h00 moies bis 22h00 owes. Wärend där Zäit kënnt dier dohi kommen a mat ärem ganze Grupp en flotten Dag verbréngen.

D’Aktivitéit fënnt zu Miersch statt, mam Depart beim Mierscher Scoutschalet. Beim Chalet gëtt et och Verfleegung (Grill, Buvette, Kaffi, Kuch). Mir hunn eis vir Miersch entscheet, well et gutt mam ëffentlechen Transport erreechbar ass. 

Wéi den Numm et scho seet, ass den Charity Wanter Hike eng Wanderaktivitéit. Bewäert ginn hei déi getrëppelt Kilometer. Iwwert en oppene Parkour trëppelen d’Participant’en vu Posten zu Posten a loossen sech do hier getrëppelt Kilometer validéieren. Wéi laang a wéi vill een trëppelt ass jidderengem selwer iwwerlooss. Nom trëppele kann een sech am Chalet an enger gemittlecher Ambiance mat sengem Grupp a mat aneren austauschen an d’Aktivitéit ausklénge loossen.

Vir eis jonk Branchen hu mer och Spiller an Atelier’en preparéiert, ob déi si mat Kilometer Punkte bewäert ginn. Duerch d’Sammele vun dëse Punkten kënnen och si sech um Odyssee-Projet bedeelegen.

Sou kann ee mat sengem ganze Grupp dohi kommen, et ass vir jiddereen eppes dobäi.

D’Umeldunge geschéien iwwert raro@lgs.lu. Mir setzen eis da mat iech a Verbindung vir ze kucke wéini dier wëllt kommen. Dier kennt et als Sortie mat ärem Grupp organiséieren a just e puer Stonne kommen oder dier kommt méi laang. Dat ass iech komplett fräi iwwerlooss.

Weider Informatiounen fannt der um LGS-RaRo Internetsite.

Mir freeën eis op äre Besuch,

Är RaRo- an Odyssee- Equipe