Friddensliichtsfeier
e Freideg den 22.Dezember 2017
zu Gréiwemaacher
(fir all Branchen vu Biber bis Raro)
Programm:
16.00 Auer Rendez-vous um Schwéngsmaart (bei der Busgare)
16.15– 17.45 Auer branchespezifesch Wanderung mat Statiounen/Ateliers zum Thema Fridden
18.00 Auer Veillée an der Kräizkapell (rond-point route de Luxembourg /Trapen erop)
mat uschléissendem Fakelzuch
19.00 Auer Iess a Gedrénksstänn beim Veräinshaus (15, rue de l’église)
Matbrénge muss jiddereen en Wanderrucksak mat Täscheluucht, Gamell Becher (Bidon) a Besteck, Schong a Kleeder dem Wieder entspriechend, fir ze wanderen.
De Participatiounspräis ass 8,00,-/ pro Persoun (Zopp + Dessert, an e Badge)
Umelle soll een sech bis den 06.Dezember
per mail un michele.hilger@lgs.lu andeems dir den Numm vum Grupp an Zuel vun de Kanner/Jugendlechen pro Branche ugitt.
an duerch d‘Iwwerweisung vum Participatiounsgeld op de Konto
Dexia BIL: LU10 0021 1929 8216 5200
mat dem Vermierk Participatioun-Friddensliicht + Numm vum Grupp