Nuetsraid MasterEditioun 2024
Ierpeldeng/Sauer
NuetsFunkRaid
MasterEdition
Cooperatioun LGS / SNJ
13/14. Januar 2024
Wat ass dat ?
- Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
- Crashcours a Funk-Kommunikatioun
- Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
- Gruppenchallenge an Equippe vu 4 Leit
- En Erliefnis wat hänke bleift
Wou : Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck
Wéini : vum 13. op de 14. Januar 2024
Timing : Ufank zu Ierpeldeng : Samschdes, de 13. Januar 15.00 Auer
Schluss zu Ierpeldeng : Sonndes, de 14. Januar 12.30 Auer
Fir ween : all Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un
Präiss : 35 €
Numerus Clausus : am ganze 48 Leit
Umellen : bis den 27. Dezember 2023 per Mail un nuetsraid@lgs.lu
Onbedengt uginn : ->bei EenzelUmelldung : Numm, Matricule, Adress, Telefonsnummer, Email-Adress, Grupp, Branche, Chef Jo/Nee
-> bei TruppenUmelldung : just w.e.g. Zuel vun de Leit + Zuel vu Chef uginn an eng eenzeg Lëscht mat dësen Donneeën op de Nuetsraid mattbrengen .
Weider Detailer : komme no der Umelldung no.
An dann nach :
– de Nuetsraid ass bei all Wierder – de Nuetsraid gëtt fir Cheffen als Recyclagemodull unerkannt
Georges Faber (Fabi)
georges.faber@lgs.lu