Genee wéi ganz vill Leit si mir natierlech bei den LGS an och bei eiser ONG besuergt iwwert d’Evenementer nom Militärputsch am Niger.
D’Situatioun evoluéiert vun Dag zu Dag – schro ass d’Lag natierlech besonnesch fir Kanner a Fraen, well iwwerliewenswichteg Gidder op de Grenze blockéiert sinn an d’dagdeeglecht Liewen en haarde Kampf ass.
Grad LO loosse mer eis Frënn am Niger NET am Stach: d’LGS an d’ONG stinn zu hire Verspriechen an halen all Projeten oprecht. Fir d’LGS ass dat de finanzielle Support fir de Fonctionnement an d’Jugendaktivitéite vun de “Scouts du Niger”, fir d’ONG ass dat d’Ënnerstëtzung vun hiren zwee nigeresche Partner-asbl’en, déi ënner anerem eng 30 Schoulen ënnerstëtzen, Formatiounen ubidden an e lokale Radio geréieren.
ALL d’Accorde gi weider agehalen a sur Place lafen all Projete wéi geplangt weider (och wann eis Regierung hir bilateral Kooperatioun mam Niger bis op Weideres ausgesat hunn – d’ONG’e sinn heivunner NET betraff a kënnen hir Projete weider ëmsetzen). An der Annexe liest dir en Text vun engem Scoutsfrënd aus dem Niger – de Sani beschreift d’Situatioun a sengen eegene Wierder.
Merci Iech fir all Support – de Projet “1 Euro fir de Niger” mécht also absënns dëst Joer Sënn.
Avis d’un Chef Scout sur les effets de la situati on au Niger née du coup d’Etat du 26-08-2023