LGS Second Hand fir Scoutsmaterial
Contact: nohaltegkeet@lgs.lu
23/24.5.2026 Neihaischen um Bealtaine
Samschdes den 23.5.2026 11:00 – 18:00
Sonndes den 24.5.2026 11:00 – 16:00
Dir kommt just op de Second Hand – soot an der Kees bescheed. Dir braucht keng Entree ze bezuelen, mir eskorteieren Iech bis bei eise Stand an erem zereck.
Wat fënnt een dann um LGS Second Hand?
Dat hänkt ganz dovun of wat d’LGS Memberen esou vu Material a Kleeder ze verkafen hunn. Komm lancht kucken mat bësse Chance kanns du eng gutt Affär maachen!
Dëst Joer ass vun allem do : Uniformen,Rucksäck, Schlofsäck, Isomatten, Bidon, Reejacketten, Bidonen etc
Intresséiert fir bei eis matzemaachen?
Du interesséiers dech fir d’Thema Nohaltegkeet, Klima- an Naturschutz a wëlls d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten an deem Beräich weider bréngen an d’Welt zu enger besserer Plaz maachen, da mell dech beim Aarbechtsgrupp Nohaltegkeet ënner nohaltegkeet@lgs.lu. Fir bei eis matzemaachen, musst du net onbedéngt aktive Scout, Guide oder Chef sinn, däin Interessi an deng Motivatioun. Mir géifen eis freeën mat dir zesummen ze schaffen!
