13
2026
Feb

5. Nohaltegkeetsdag

5. Nohaltegkeetsdag

D’Aarbeschtsgrupp Nohaltegkeet invitéiert op den Nohaltegkeetsdag 2026.

‘Dark Sky Place’ eng Nuetswanderung zu Pëtschent.

Wann d’Nuecht sech breet mécht, ginn nuetsaktiv Déieren a Planze waakreg.
Op dëser Nuetswanderung begéine mir der besonnescher Stëmmung vun der Däischtert.
Mir stellen eis dobäi d’Froen, wéi kënschtlech Luucht an Energie eis Nuechte veränneren a wisou richteg Däischtert esou wichteg fir d’Natur an de Mënsch.

ℹ️ D‘Gemeng Pëtschent ass säit Dezember 2025 offiziell als International Dark Sky Cummunity ugeholl ginn.
Ënner dem Titel “Stärepark Pëtschent” ass d’Gemeng Deel vun engem exklusive Krees vu Gemengen, déi sech op besonnesch Aart a Weis fir de Schutz vum natierlechen Nuetshimmel asetzen. ✨

Wéini?

Freides den 13.2.2026 um 17h00 – 20h30 (uschléissend ka jiddereen, dee wëll, op eege Käschte mat iesse goen)

Wou?

Groljen bei der Kierch > Google Maps <
Trajet: min 40 Minutte vum Kierchbierg aus 

Ween?

RaRo, Albatross, Chef, Memberen an Eltere vu Membere. Also jiddereen ab 17 Joer.

Präis?

5€

Umellung?

Bis den 3.2.2026

(mee opgepasst, d’Plaze si begrenzt an déi éischt si vir)

Formulaire op chefbox.lgs.lu