09
2025
May

CaraPio IronScout

Al Seeërei

> Definitiv Umeldunge sinn op bis de 13. Mäerz 2025 <
Formulaire ganz ënnen op der Säit

Och dëst Joer fënnt den Iron Scout nees statt vum 9. Mäi 2025 (Europadag) – 11. Mäi 2025

Awer bëssen anescht wei soss …

65 km, 24h !

#edition17 #carapiosueden #Spezialeditioun #neiPlatz #neieWee #rememberWWII

Deng CaraPio / RaRo wëllen hier kierperlech Limitten testen an iwwert sech selwer erauswuessen? Dann ass den IRON SCOUT genee de richtegen Challenge fir si.

Video: Iron Scout 2023

Jidderee ka matmaachen, et muss net an der Trupp getrëppelt ginn an all Participant kann sech säin eegent Ziel op der Streck vu 65 km setzen déi et a 24 Stonnen ze bewältegen gëtt. Dofir ginn et Badger fir 30, 40, 50 a 65 Kilometer. Natierlech bleift keen eleng op der Streck, d’Chef suerge wärend dem Weekend fir déi néideg Posten an de Ravitaillement.

Zousätzlech besteet d’Méiglechkeet sech fir de gudden Zweck anzesetzen. All Participant kann sech am Virfeld Sponsore sichen, déi eng Promesse pro getrëppelte Kilometer maachen.

> Sponsorformulaire <

Oflaf

Freides den 9 Mäi (Europadag) proposéiere mir ab 9:00 e spannende Programm zum Thema “Remember WorldWarII”.

Treffpunkt ass an der “Al Seeërei” zu Dikrech (Rue de l’Industrie, 9250 Diekirch).

Samschdes mueres fréi, starten d’CaraPio fir den IronScout.

Schluss vun dëser Aktivitéit ass Sonndes 11 Mäi um 12:00 och an der “Al Seeërei” zu Dikrech (Rue de l’Industrie, 9250 Diekirch).

 

Präis

Dat ganzt kascht 10€ (1 Puer Strëmp vun DirtySocks / Persoun ass am Präis mat abegraff)

Optional: T-Shirt IronScout 25€ (Marque Neutral -> Fairtrade Cotton, Organic, oeko-tex / Logo: änlech wei uewen am Bild)

 

Chef

Chef kënnen um Iron Scout net mat trëppelen. Si engagéieren sech bei verschiddene Chargë fir den Encadrement vun de CaraPio ze garantéieren (Ravi, Posten, Taxi …).

RaRo

Aus organisatoresche Grënn huele mir keng Umeldunge vu RaRo ouni Responsabele Chef un. Wann äre Clan net mat geet, frot mol ronderëm op en anere Clan oder CaraPio Trupp Iech ka mat umellen.

Loscht als Staff eng Hand unzepaken?

Mir sichen nach Verstäerkung déi eis um Week End vum IronScout bei der Organisatioun a Koordinatioun hëlleft! Mëll dech dei eis > ironscout@lgs.lu <

Definitiv Umeldung

Iwwerweisung

Iwwerweis w.e.g. de ganze Betrag fir deng Trupp (10€/Persoun & 25€/T-shirt) bis allerspéitstens de 13. Mäerz 2025 op de Kont vun der CaraPio Ekipp:

  • Konto: BILL LU48 0022 0000 0134 5988
  • Vermierk: IronScout 2025 – NummTrupp – x pers / x t-shirts

Opgepasst wann de Virement net mat Zäit ukënnt, gi T-Shirts net mat bestallt ginn.

> Denk och drun de Sponsorformulaire un Participants weider zeschecken. <

 

 Umeldunge mat T-Shirt sinn net mei meiglech.

Formulaire op chefbox.lgs.lu

 

 

Du hues awer nach Froen? Schréiw eis: > ironscout@lgs.lu <