Mystaria 25
Stroossen
De Mystaria ass de nationale Wëllefcherscamp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten vum 20. bis de 26. Juli 2025 zu Stroossen.
Hei kommen eng 800 Wëllefcher aus dem ganze Land, am Alter vun 8 bis 11 Joer am Zentrum vu Stroossen zesummen. Des ideal Lag tëschent der Schwämm, der Sportshal an dem grousse Foussballsterrain bitt de Kanner vill Plaz fir onvergiesslech Momenter ze erliewen. De Site gouf fir des Geleeënheet an e magescht Duerf verwandelt.
Ënnert dem Thema Hexerei a Magie erliewen d’Kanner eng Woch voller kreative pedagogeschen, nohaltegen a sportlechen Aktivitéiten. Sie léieren duerch Erliewen, an a mat der Natur, wäit ewech vum Alldag a Bildschiermer. Mystaria e Camp mat vill Beweegung a mat hausgemaachten Iesse wat Dag fir Dag gekacht gëtt.
Weider Andréck op: Instagram a Facebook – guidenascouten