13
2026
Jun

Repair Cafe

14:00

Wat gëtt reparéiert?
Alles, wat eng zweet Chance verdéngt:

  • Elektresch Klenggeräter (ausser Bildschiermer)
  • Kleedung
  • Vëloen
  • Scoutsmaterial

An nach vill aner Saachen, déi Dir léiwer reparéiert wéi entsuergt.
Bei mei komplizierten Saachen zB. Zelter ⛺ setzt iech mat eis an Verbindung dass mer Detailer ofklären kennen: nohaltegkeet@lgs.lu


Mir siche motivéiert Leit fir an den Aarbechtsgrupp!
Fir datt de Repair Café e Succès gëtt, si mir op der Sich no motivéierte Leit, déi hir Erfarung a Fäegkeete mat an d’Ekipp bréngen.

  • Hobby-Bricoleuren
  • Handwierker
  • Leit mat Erfarung am Bitzen, Schrauwen oder Tüftelen
  • Jiddereen, dee gären hëlleft a säi Wëssen deelt

Wann s du Loscht hues matzemaachen oder een kenns, deen hei gutt géif passen, da mell dech ob nohaltegkeet@lgs.lu

All Hëllef zielt – a jidderee kann eppes Wäertvolles mat an d’Equipe bréngen.

Mir zielen op deng Hëllef!
Maacht w.e.g. Reklamm an Ärer Trupp an och bei den Elteren.