24
2018
Feb

World Thinking Day 2018

Staat Lëtzebuerg

Dëst Joer wollten mer en Rallye duerch Staat maachen wou mer 3 Statiounen hunn wou Aktivitéiten zum Thema  vun dësem Joer “Impact” (Afloss) gemaach gin. Et geet virun allem drëms eraus ze fannen wat een als eenzelen wei och an engem Grupp fir een Afloss an eiser Welt kann maachen an eppes kennen positiv ze änneren. Mat Hëllef vun den “Sustainable Development Goals” (https://sustainabledevelopment.un.org/?menu=1300) an den Proposen vum Programm vun den WAGGGS fir den WTD (https://www.wagggs.org/en/resources/wtd-2018-activity-pack/) wäerten mir dës Aktivitéiten gestallten.

Genau Informationen:

Wéini? 24.02.2018
Wéivill Auer? 9h30
Wou? Péitruss an der Staat

Oflaf:
9h30 – 10h00 Aschreiwen & Gruppenandeelung
10h00 – 12h30 Rallye
12h30 – 13h00 Picknick (fir matzebrengen)
13h00 – 14h00 Ofschloss (mat Badgeverdeelung an Dessert vun eis)

Mellt iech w.e.g. bis den 14.02.2018 ennert desem Link un:
World Thinking Day 2018 Umeldung

Mir hoffen op vill Umeldungen an freeën eis deen Dag kennen mat iech ze Deelen.

Postkaartenaktioun:
Hei fann der den PDF deen d´LGS zesummen mat aneren däitschsproochegen Scouten erstallt hunn, mat Informatiounen iwwert d Postkaartenaktioun an den World Thinking Day: World Thinking Day Informatiounen [PDF]

Weider Infoen: World Thinking Day / Founder’s Day

Den „World Thinking Day“ ass den Dag wou déi ganz Welt den Gebuertsdag vum Olave an Robert Baden-Powell feiert. Et ass en Dag vun der internationaler Frëndschaft, vun der Verbonnenheet an vun der Solidaritéit.

Dëst Joer steet den „World Thinking Day“ ënnert dem Thema „Impact“ (Afloss). Desst Joer feieren mer de Bond dei mir selwer an eisen Gruppen hun ewei och weltweit erliewt hun. Et geet och em den Aflooss deens du an deser Welt mess als Mensch oder och als Scout fir eng besser Welt ze hannerloossen. Desst kann een an villen Bereicher maachen wie z.B. an der Natur (den Dreck opsammelen an richteg entsuerjen), Sozial (de Leit hellefen die eng Hellef brauchen) oder och bei dir Selwer als Persoun (dengen Entscheedungen bewosst sin).