11
2019
Jun

Sprangprëssessioun

Iechternach

Treffpunkt: Péngschtdënschdeg 11.00Auer am Abteihaff

Wéi all Joer huele mir als Guide/Scouten och dëst Joer erëm un der Sprangprëssessioun deel. Dofir siche mir Musikanten déi bereet si bei der Guide/Scoutsmusek matzespillen. All Instrument ass wëllkomm.

No der Sprangprëssessioun gëtt am Haff vum Schleesche gegrillt.

Wann dir also am Grupp oder mat äre Biber, Wëllef, Avex, Carapio oder Raro wëllt dobäi sinn, da mellt iech am viraus per mail un: michele.hilger@lgs.lu