25
2019
May

Biber- a Wëllefchersandacht

15:00

Léif Biber, léif Wëllefcher,
Léif Cheftainen a Cheffen,

Och dëst Joer ass eis Biber- a Wëllefchersandacht erëm Samsdes mëttes, an zwar de 25. Mee 2019, an der Kathedral.

Mir hu fir iech flott Spiller an Aktivitéite virun der Andacht virbereed. Et ass also eng flott Méiglechkeet är Versammlung an d’Stadt ze verleeën!

Rendez-Vous ass um 15:00 Auer um Parvis vun der Kathedral. D’Andacht fänkt um 17:00 Auer un.

Mellt äre Ruddel oder är Famill bis de 15. Mee 2019 iwwert folgende online-Formulaire un.

Mir freën eis op ee schéine Nometteg mat iech!

Äer Biber- a Wëllefchersekippen.

Formulaire op biber.lgs.lu