08
2021
May

Biber- a Wëllefchersandacht

Léif Biber- a Wëllefcherschef,

Eis Biber- a Wëllefchersandacht fënnt dëst Joër statt, allerdéngs an enger liicht ofgewandelter Form: Rendez-Vous ass Samsdes mëttes, den 8. Mee 2021 um 15h an der Stad. Déi genee Plaz kritt Dir an engem Bréif virdru matgedeelt.

All Biberfamill, respektiv Wëllefchersruddel, wäert mat senge Cheffen 6 verschidde Statioune maachen, déi am Kader vun enger Geschicht stinn.

Well de Moment an der Kathedral nëmmen 100 Leit mat jeweils 2 Meter Ofstand a Mask zougelooss sinn, fënnt d’Andacht selwer net statt. Dofir ass eng vun de Statiounen an der Krypta vun der Kathedral.

Schluss vum Rallye ass um 17:30 Auer.

Mir acceptéieren maximal 20 Gruppen à je 10 Leit (Kanner + Chefs inclus). Mellt Iech dofir sou séier wéi méiglech (bis spéistens de 24. Abrëll 2021) mam Online –Formulär un. De Formulär fannt Dir an den News op biber.lgs.lu oder andeems Dir de QR-Code um Enn vum Bréif ascannt.

Mir hu fir Iech flott Spiller an Aktivitéiten virbereed. Et ass also eng flott Méiglechkeet är Versammlung an d‘Stad ze verleeën! Mir freeën eis op ee schéinen Nomëtteg mat Iech!

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

D‘Biber- an d‘Wëllefchersekipp