21
2015
Nov

Invitatioun Cheftreff

17:00

Restaurant „Aal Kayl“

Léif Wëllefcher-Chef aus dem ganze Land,
D’Wëllefchers-Ekipp organiséiert erem en „After-Versammlung-Cheftreff“. Mir maachen et fréi am Joer fir den Elan vum Chefdag
a vun den Tronc commun-Weekender direkt matzehuelen! Et solle gemittlechen Owend sinn, wou mir zesumme sinn, Froe
beäntwere kennen a virun allem flott zesumme potere kennen!

WOU?
Am Restaurant „Aal Kayl“ (90, rue Notre Dame L-3620 Kayl, direkt vis-a-vis vum Käler Scoutschalet). De Restaurant mécht extra fir eis seng
Diere schonn um 17h op ; Falls Dir also Loscht hutt eng Pizza do ziessen, kennt Dir dat gäre maachen !

WÉINI?
Den 21. November, vun 17:00 bis 20:00 Auer (Dir musst awer net déi 3 Stonnen dosinn; dir kennt gären och just eng hallef Stonn laanscht
kommen! Mir sinn ab 17h do, dir kennt awer och méi spéit kommen!)

FIR WIEN?
Fir alleguer d’Wellefchers-Cheffen aus dem ganze Land, fir deen dee bis dohin bei 2 Versammlungen dobäi war, an och fir
deen, dee scho bei 200 Versammlungen dobäi war ! Kommt alleng oder mat der ganzer Chefekipp!
Mir wieren immens frou wa mir Iech zu gaaaaaanz vill begréisse kéinten! Bis den 21. November, är Ekipp