28
2020
Feb

RAP-Chefversammlung

19:00

Géisserei

Léif Wëllefchercheffen,

Mir invitéiren Iech op eng Versammlung fir iwwer déi nei Method ze schwätzen, ze diskutéiren a weiderzedenken. Mir wäerten iech op desem Owend déi verschidden Elementer vun der Method kuerz presentéieren an duerno wäerten mir an d’Diskussioun bzw Weiderdenke vu verschiddene Punkten iwwergoen. Sou kënne mir dann duerno mat äerem Feedback konstruktiv weider schaffen.

D’Versammlung ass Freides, den 28. Februar um 19:00 Auer an der Géisserei.

 

Mir wiere frou wann dir Iech géift umellen, fir dass mir wëssen, mat wéivill Leit mir rechne kennen, a genuch Chips parat hunn;-)

Hei ass de Link fir sech unzemellen:

https://doodle.com/poll/hm6ymv9rnh65dvw3?fbclid=IwAR1vnyysDAOBpi1vuo5ex_RYpC7Igyd9xBtuAQ-7h3jbB8p0H1ui-CJT4Tg

 

Halt iech dësen Datum also w.e.g. fräi fir dass mer zu vill un eiser neier Method kënne schaffen. Mir freeën eis drop:-)

Är Wëllefchersekipp