02
2018
Jun

Wëllefcher-Naturdag

10:00

Wëllefcher – Naturdag

 

Och dëst Joer proposéieren mir Iech an äre Wëllefcher en Dag an der Natur mat villen flotten a fräien Iddien wou dir Iech kennt inspiréiere loossen!

 

Wat?                En Dag an der Natur

 

Wéini?             Samschdes, den 2. Juni 2018 vun 10:00 Auer bis spéitstens 17:00 Auer

(dir däerft awer och manner laang kommen; allerdings recommandéiere mir dass dir op d’mannst 3 Stonne mat ärem Ruddel bei eis sidd)

 

Wou?              Zu Luerenzweiler/Blaschent beim Neolitheschen Haus

(mir organiséieren Navette vun der Luerenzweiler Gare bis erop)

 

Fir wien?          Fir all Wëllefchers-Ruddel aus dem Land

(d’Plaze si limitéiert, déi 1. si vir 🙂

 

Participatioun ?        2€ pro Wëllefchen

 

Umellen?          Séier! Op wellefcher@lgs.lu

Gitt eis w.e.g. bis spéitstens den 18. Mee folgendes un:

  • Numm vum resp. Chef + GSM-Nummer an E-Mail
  • Unzuel Kanner + Chefs
  • Auerzäit: Arrivée Gare + wéi laang Dir bleiwe wëllt

 

Bis geschwenn, är Wëllefchers-Ekipp