15
2019
Jun

Absurdcup 2019 zu Reiser

09:30

Absurdcup zu Réiser

Wéi bal all Joer invitéieren mir erëm op den Absurdcup.
Dat si Spiller ouni Grenzen déi organiséiert ginn fir d’AvEx (11-14 Joer) aus dem ganzen Land.

Wéini? Samstes den 15. Juni vun 10:00 bis 17:00 (Ukommen kënnt dir ab 9:30)

Wou? Zu Reiser beim Home an der rue de la Fontaine

Fir ween? All d`Avextruppen aus dem ganzen Land.

Umellen ? Per Onlineformulaire bis den 15. Mee. Soubal dir iech ugemellt hutt kritt dir weider Detailer iwwert den Absurdcup.

Präis? 5 Euro pro Avex. Dës Sue mussen am viraus op den Konto iwwerwisen sinn, soss ass är Trupp net ugemellt. Am Präis inclus ass e Button an e Gadget. Fir Chef ass et gratis, dofir solle si awer bei de Spiller hëllefen.

Iwwerweisung bis de 15. Mee op de Konto vun der Avexekipp

IBAN LU84 0029 1827 9835 2300

BIC: BILLLULL

Vermierk: Grupp an Unzuel vun Kanner

Fir Iessen an Drénken suergen di Reiser. Dir kënnt iech natierlech och eppes z`iessen matbréngen.

Mir freeën ons op jiddereen, deen dobäi ass.

Mat Beschte Gréiss,

D`Avex-Ekipp