20
2020
Jun

Absurdcup 2020 (wéinst der aktueller Situatioun leider oofgesoot)

ABSURD-CUP 2020 ZU SANDWEILER (Wéinst der aktueller Situatioun leider oofgesoot)

Wéi bal all Joer invitéieren mir erëm op den Absurdcup, dat si Spiller ouni Grenzen déi organiséiert ginn fir d’AvEx (11-14 Joer) aus dem ganzen Land.

Wéini? Samstes den 20. Juni vu 10:00 bis 17:00

Wou? Zu Sandweiler beim Home

Fir ween? All d’Avextruppen aus dem Land

Ummellen? Per Onlineformulaire bis den 22. Mee 2020. Soubal dir iech ugemellt hutt kritt dir weider Detailer iwwert den Absurdcup

Präis? 6€ pro AvEx, dës Sue mussen am viraus op den Konto iwwerwisen sinn, soss ass är Trupp net ugemellt. Fir Chef ass et gratis, dofir solle si awer bei de Spiller hëllefen.

Iwwerweisung bis de 5. Juni 2020:

Avexekipp

IBAN LU84 0029 1827 9835 2300

BIC: BILLLULL

Vermierk: Absurdcup Grupp an Unzuel vun Kanner

Fir Iessen an Drénken suergen di Sandweiler. Dir kënnt iech natierlech och e Pic-nique matbréngen.

Mir freeën ons op jiddereen, deen dobäi ass.

Mat Beschte Gréiss,

d’Avex-Equipe