16
2021
Oct

Weekend de Lancement

15:00

Neihaischen

EDIT:

MIR HUN DEN MAXIMUM VUN PARTICIPANT’EN ERREECHT AN KENNEN KENG WEIDER UNMELDUNGEN UNHUELEN.

Dat neit Scoutsjoer steet virun der Dier an d’RaRo Ekipp invitéiert iech häerzlech op de Weekend de Lancement um Neihaischen.

Fräi ënnert dem Thema “Bäck to ze Ruuts”, proposéiere mer Aktivitéiten déi iech ureege vir frësch an dat neit Joer ze starten.

 

Eckdaten:

Start:                         Samschdes Mëttes um 15H00

Enn:                           Sonndes Mëttes géint 14H00

Praiss:                       35€ pro Participant

Covid-Richtlinn:     Dëst gëtt en Covid-Check Event, d.h. denkt un en PCR-Test oder ären Impfpass.

Iessen:                      Gidd w.e.g. bei ärer Umeldung un ob der iergendwellech Intoleranzen oder Allergien hutt.

Schlofen:                  Dier kennt am Chalet schlofen, mee mir bidden och d’Méiglechkeet dass der dobausse schlofe                                             kennt.

 

Aktivitéiten:

Mir si Samschdes Mëttes am Bësch beim Keltenhaus, wou mer zesummen e puer Aktivitéite maachen.

Nodeems mer eis kierperlech ugestrengt hunn, kréie mer eppes Guddes aus der Outdoor-Kichen déi nieft der Schmett steet. Gutt gestäerkt wäerte mer den Owend mat e puer Gespréichsronnen alauden, wou mir gezielt äre Feedback brauchen! 😉 Den Owend loosse mer da gemittlech am Bar auskléngen.

 

Sonndes Moies raumen a botze mer nach hannert eis op. Ofschléissend zum Moie kennt och nach d’International-Ekipp bei eis an erkläert eis den “Young Delegate Programm”.

 

Dono grille mer nach en Wupp zesummen a loossen de Weekend revu passéieren ier mer eis dann erëm heem maachen.

 

Mir freeën eis op är Präsens!

 

Är RaRo-Ekipp