30
2019
Mar

Eng Wuecht am Forum fir zäitgenëssesch Konscht

20:00

Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain

Wat ?

D’RaRo Ekipp invitéiert den 30. Mäerz 2019 op

Eng Wuecht am Forum fir zäitgenëssesch Konscht

De Casino an der Staat gehéiert eng Nuecht laang de RaRo.

Dësen Event ass Deel vun der Ausstellung „Buveurs de quintessences“ an d’Idee fir d’Wuecht geet vum ungaresche Kënschtler Janos Sugar sengem Wierk „Fire in the Museum“.

Am Casino brennt e Feier, wat soll wärend 3 Méint um Liewe gehale ginn. An der Nuecht vum 30. Mäerz hunn d’RaRo dës Aufgab. Dës Ausstellung an och Feierwuecht gouf et schonn ënnert anerem zu Montreal am Kanada.

Wien?

All RaRo aus dem Land, am Clan oder eleng.

Wéini?

De 30. Mäerz ab 20 Auer. Bis Mëtternuecht kënnt een an de Casino eran. Duerno ass d’Entrée zou. Den Event dauert bis 11 Auer Mueres den 31. Mäerz.

Wou?

Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain

41, rue Notre-Dame,
L-2240 Luxembourg

Umeldung?

Bis de 25. Mäerz ënnert raro@lgs.lu

Wat leeft genau?

D’RaRo kënnen do schlofen oder einfach laanscht kommen. Picknick soll jidderee selwer matbréngen.

Ugebuede gëtt eng Wuecht zum Thema Feier an de Reim vum Casino. Dës bidden awer och d’Méiglechkeet, senger kënschtlerescher Fantasie Ausdrock ze ginn duerch z.B. Presentatiounen, Virdroe vu Gedanken, Gedichter, Lidder…asw.

Weider Informatioune kommen no. Bei Froe mellt iech ënnert raro@lgs.lu

Biber a Wëllef

Biber a Wëllef kënnen an hire Familljen a Ruddelen den nämmlechte Samschdeg sech fir den KLIK Atelier fir Kanner zum Thema Zeechnungen oder Feier Deel huelen. Umelle kënnt dir iech hei ënnert: visites@casino-luxembourg.lu bis de 25. Mäerz.