21
2016
Apr

Film: Project Wild Thing mam David Bond

19:00

Forum Campus Geeseknäppchen

D’LGS weisen den 21.Abrëll de Film “Project Wild Thing” am Forum  Geesseknäppchen. No der Virféierung vun dësem präisgekréinten Dokumentarfilm ass nach eng Diskussioun Ronn mam Regisseur David Bond programméiert. De Film gëtt mat daitschen Ënntertitele gewisen.

Programm:

  • 18.00: Snacks
  • 19.00: Begréissung mam David Bond (Regisseur)
  • 19.45: Film “Project Wild Thing”
  • 21.15: Diskussioun mam David Bond

D’Projektioun ass gratis an op fir jiddereen (och Net-Scouten sinn häerzlechst wëllkomm)  et muss ee sech just am Viraus iwwert de Formulaire ënnen op dëser Säit umellen. Parke kënn der bis 22.30 am Sous-sol vum Forum (dono gëtt dëse Parking zougespaart).

“A revolutionary, award-winning feature doc about the fragile connection between children and nature…”

Den Trailer schwätzt fir sech:

Den Owend gëtt organiséiert vun der Ekipp Native Village vun de Lëtzebueregr Guiden a Scouten mat der finanzieller  Ënnerstetzung vum Service National de la Jeunesse an dem Ministère de l’Environnement.

[Formstack id=2275584 viewkey=smFyL9ou2D]