01
2023
Apr

Avex STIP 2023

10:00

Moie Léif Avexchef,

Thema : Schlümpfe

Wéini : Samsdes, den 1. Abrell geet et um 10:00 Auer lass. Mir verloossen de Chalet Mettwochs den 5. Abrell géint 16.00 Auer. Ee Verloosse vum STIP ass am Normalfall net méiglech.
Methodendaag: Sonndes den 2. Abrell vun 8:00 bis ongefeier 23:00

Wou : De STIP ass um Neihaischen am Chalet.
OPGEPASST : D’Sessiounen gin deelweis am Chalet, awer och dobaussen ofgehaalen.

Prais : Dir hudd den STIP mam Iwerweisen vum Betrag fir den éischten Zyklus bezuelt.

Wann dir nach Froen hudd, mellt ierch w.e.g. per Mail un avex@lgs.lu.

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréisss,

Avexekipp