11
2017
Feb

Charity Festival

15:00

Rockhal

D’Associatiounen Action Avenir Haïti a.s.b.l organiséiert an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Guiden a Scouten en Benefizconcert Samstes, 11.2.2017 an der Rockhal. Den Erléis vun desem Owend as fir Action Avenir Haïti a.s.b.l.

Des A.s.b.l ass virun 11 Joer aus Odyssée Projeten entstaan an schafft virun allem an der Uertschafft Rivière Froide, eng Sektioun vun der Gemeng Carrefour. Hir Aarbecht besteet aus engersaits dem Verginn vun Micro-Crédit’en virun allem un kleng Epicerie’en aus der Géigend an anerersaits d’Ennerhaalen vun enger Schoul mat 200 Kanner. (www.aah.lu). Desen Summer waren och nees RaRo op der Plaatz an konnten vill néi Erfahrungen sammelen.

AAH ennerstetzt awer och verschidden Projeten am Hannerland, Reboisement an Actiounen vir déi lokal Agriculture ze ennerstetzen, och nom läschten Cyclone Matthew hun si déi geschiedegt Baueren ennerstetzt