02
2022
Apr

Clash of Clans *reloaded*

18:00

Chalet Neihaischen

D’Raro-Ekipp inviteiert op den zweeten Clash of Clans.

Di eischt Versioun war bessen an d’Waasser gefall well mer ze speit un waren mam Datum. Dofir sin mer des Keier mei frei un! 😉

Des Aktiviteit ass vir d’Clan-Cheffen gemenzt. En Treffen enner Clan-Cheffen, wou mer eis kennen austauschen an en gemittlechen Patt zesummen drenken.

Dofir proposeiren mer iech den 02.04.2022 ab 18h00 um Chalet Neihaischen am Square. Iessen an Gedrenks hun mer virgesuergt.

D’Fuussen ennert iech hun bestemmt gemierkt dass dat den Weekend vun eisem STIP ass. Mir hun eis vir deen Owend entscheed, well mer denken dass et och vir Clan-Cheffen “to be” intressant ass, schon mei erfueren Clan-Cheffen kennen ze leieren an sech auszetauschen.

Unmellen kennt der iech bis den 29.03.2022 enner raro@lgs.lu

 

Mir freeën eis op iech! 😀

 

Dresscode: Foulard! 😉

 

Adress:

Chalet Nicolas Rollinger

1, rue principale

L-5290 Schuttrange