28
2020
Mar

EARTH HOUR 2020

20:30

Welt

Wat ass d’Earth Hour?

D’Earth Hour ass déi weltwäit gréisste “Graswuerzelbeweegung” (grassroots movement) fir d’Ëmwelt. Et ass eng Méiglechkeet fir eis all, de Planéit zum Besseren ze veränneren an all zesummen ze schaffen fir d’Natur ze schützen an ze erneieren. #CONNECT2EARTH

Lies weider op scout.org

Wat kënne mir als Guiden a Scouten maachen?

Jidderee gëtt encouragéiert de Samchdeg den 28. Mäerz vun 20h30 bis 21h30 alleguer d’Luuchten auszemaachen fir esou däi Support fir onse Planéit ze weisen.

Grad an dësen Zäite vum Coronavirus kanns du och vun Doheem aus matmaachen an dech fir de Schutz vun der Natur staark maachen. Op der Säit vum Earth Hour Mouvement fënns du eng ganz Partie Iddien. (https://www.earthhour.org/our-mission)

Zéck net de Leit ze weisen dats du bei der Earth Hour matgemaach hues andeems du op Social Media d’Hashtags #EathHour benotzt an d’@guidenascouten an @WorldScouting markéiers.