14
2022
Mar

Formatioun – FAQ zum Naturschutzgesetz 

Méindeg, de 14.3.2022 um 19h00 um Neihaischen (Präsenz oder online)

Umeldung: Chefbox/Formatiounsportal

Am leschte Joer huet den Ëmweltministère zesumme mam SIL (Scouting in Luxemburg) an aneren Acteuren en Dokument zu de Froe  ronderëm d‘Naturschutzgesetz erstallt. Dëst Dokument „FAQ fir ëmweltpädagogesch Gruppenaktivitéiten an der Natur“ass a wichtegt Aarbechtsinstrument fir all Cheffen.

D’Madame Carmen Weisgerber vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable stellt eis dëst Dokument vir.

 

D’Inhalter vun der Formatioun sinn:

  • Virstellung an Erklärungen zum Dokument „FAQ fir ëmweltpädagogesch Gruppenaktivitéiten an der Natur.
  • Wéi schaffen ech mam Geoportail?, engem interessanten Tool fir Cheffen.

 

Sessioun Natuschutz