19
2015
Dec

Friddensliicht Feier zu Schengen/Perl 2015

15:00

Schengen Lycée

No deem gudde Gelénge vum leschte Joer, organiséieren LGS zesumme matt der DPSG an der PSG erëm d’Friddensliichtaktion. 
Dëst Joer wëlle mir ons besonnesch verbonne spieren matt deene Menschen déi op der Flucht sinn. Dofir wëlle mir ons Gruppe motivéieren fir Flüchtlingen aus hirem Uert op d’Friddensliichtfeier anzelueden. Des international Begéinung fënnt zu Schengen statt, wou virun 30 Joer d’Schengenofkommen zur Ofschafung vun de Grenzkontrollen innerhalb vun der EU ënnerschriwwe ginn ass.
 
Weider Détailer wat de Programm an d’Aschreiwung ugeet fannt dir um folgenden Flyer.

Käerzebestellung 2015

Flyer2015