19
2015
Dec

Happy Birthday

19:00

Conert: Keltenhaus / Parking: Stade Jos Becker zu Hostert/Niederanven

10 Joer Benny and the Bugs – 10 Joer keltenhaus um Neihaischen

– Abrëll 2005:
1. Concert vu Benny and the Bugs um Neihaischen fir de Projet Keltenhaus

– Mee 2005:
1. Schaffcamp fir de Projet Keltenhaus

– 19.Dézember 2015:
10 Joer Geburtsdagsconcert mat Benny and the Bugs am Keltenhaus.
D’Entrée geet um 19.00 op an de Concert fänkt um 21.00 un.

Parking: Um Neihaischen ginn et fir dese Concert leider keng Parkméiglechkeeten, dofir organiséiere mir eng gratis Busnavette vum Parking „Stade Jos Becker“ zu Hostert/Niederanven bis op Neihaischen (10 Minuten).

Horaire vun der Navette: aller: 19h00 – 21h00 all 20 Minuten
retour: 23h00 – 01hoo all 20 Minuten

Präis: 10€ (Kanner a Jonker bis 15 gratis)

Opgepasst:

– D’Entréesticketen muss der reservéieren,et gëtt keng Oweskees. Macht w.e.g är Reserveierung nëmmen iwwert dëse Site: https://scouten.formstack.com/forms/10joer
– de Chalet as deen Dag verlount, et gin also keng Schlofméiglechkeeten am Chalet.

Weider Froen: neihaischen@lgs.lu