26
2020
Sep

Kongress 2020

17:00

Online

Verbandskongress 2020

De Verbandskongress 2020 fënnt de 26. September 2020 iwwert eng Online-Platform statt, dëst bedengt duerch d’Corona-Bestëmmunge.

De Kongress ass e wichtegt Evenement um Ufank vun all Guiden- a Scoutsjoer. All ernannte Cheftainen a Chef hunn hei d’Méiglechkeet hir Meenung mat anzebréngen a bei deene wichtege Punkte mat ofzestëmmen.

De Kongress 2020 ass ëmsou méi wichteg fir eise Verband, well en neit Team gewielt gëtt, dat d’Geschécker vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten zesumme mat hirem Comité fir déi nächst 3 Joer leede wäert. Zousätzlech ass d’Wiel vun engem neie Verbandsrot um Ordre du Jour, mat der Wiel vu Vertrieder aus deenen eenzele Branchen a fir Gruppechef.

Umelle kanns de dech ab dem 1. September mat dësem Formulaire. Nodeem s du dech ugemellt hues, däin Account erstallt an du kriss en E-MAil mat weider Informatiounen, wéi s du dech op der Plattform vum Kongress ënnert folgendem Link: kongress.lgs.lu alogge kanns.
Konditioun: All Cheftaine/Chef déi/deen um Kongress 2020 wëll deelhuelen, muss eng gëlteg Chefernennung hunn (Mindestens bis Kongress 2020 gëlteg).  D’Umeldung muss vun all Participant perséinlech mat sengem eegene Cheflogin gemaach ginn. Et ass net méiglech aner Leit mat unzemellen!
Deadline fir d’Umeldung: 20. September 2020

OPGEPASST: Wanns du dech eréischt nom 20. September aschreifs, kënne mir eng Participatioun aus organisatoresche Grënn net méi garantéieren!

E puer Deeg no denger Aschreiwung kriss du däi perséinleche Login fir de Kongress 2020 per Email zougeschéckt. Mir bieden dech dëse Login op mannst 1 Dag virum Kongress ze testen, fir dass mir eventuell Problemer oder Fehler ausschléisse respektiv behiewe kënnen. Et wäert och am Viraus eng Hotline souwéi en Email Support fonctionéieren, all wichteg Detailer dozou kriss du no der Umeldung.

Falls du net um Kongress kanns deelhuelen, kanns du engem anere Member vum Verbandskongress eng Procuratioun gi fir an dengem Numm mat ofzestëmmen. Des Persoun kritt da vum Verbandssekretariat déi néideg Informatioune matgedeelt. All Member vum Verbandskongress dierf maximal 1 Procuratioun hunn.

D’Procuratioun kann an dësem Formulaire ugefrot ginn. D’Procuratioun muss vun all ernannte Cheftainen a Chef, déi sech welle vertriede loossen, mat hirem perséinleche Cheflogin ugefrot ginn.

All weider Informatiounen zum genauen Oflaf vum Kongress 2020 fënns du ab dem 1. September ënnert kongress.lgs.lu an dës kriss du no denger Aschreiwung vun eis per Email geschéckt.

Sief och du de 26. September 2020 um 1. Online Kongress vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute mat dobäi. Egal wou s du grad bass, du kanns vun iwwerall um Kongress deelhuelen a mat ofstëmmen