21
2016
Sep

KONGRESS

18:30

zu Diddeleng am Veräinshaus (bei der Kierch)

21. September 2016 zu Diddeleng
18.30 Aschreiwen, Grill
19.30 Bergéissung an Instruktiounen
19.35 Spirituelle Moment
19.40 Proposéire vum Kongresspresident
19.45 Bestëmme vun de Stëmmzieler
19.50 Aktivitéitsrapport
20.10 Riede vun den Eieregäscht
20.20 Finanzrapport
20.35 Auszeechnungen a Remercimenten
20.45 Äntwert op d’Resolutiounen
20.55 Nei Resolutiounen
21.05 Open Session
21.25 Budget 2017
21.35 Ausbléck 2016-2017
21.45 Virstelle vum Verbandscomité
21.50 Schluss an Eirewäin

 


 

Léif Guiden a Scouten, léif Cheftainen a Chef,
Mir, d’Diddelenger Guiden a Scouten vum Grupp St Jean, sinn houfreg iech dëse September
um Kongress an um Chefdag zu Diddeleng dierfen ze begréissen.
Am Kader vun eisen 100 Joer Bestoen, freeë mir eis dëst Joer, nieft der Publikatioun vun enger
Brochure, eiser Séance académique, eisem Gruppecamp, eisem 100-Joer-Logo a –Badge a
ville weideren Aktivitéiten, och de Kongress an de Chefdag dierfen zu Diddeleng ze organiséieren.
Mëttwochs, den 21. September fënnt de Kongress zu Diddeleng am Veräinshaus (bei der
Kierch) statt. Ab 18:30 Auer bidde mir e flotten After-Work a Grillade un, éier et um 19:30 Auer
mam Kongress lass geet.
Fir de Chefdag, deen dëst Joer ganz ënnert dem Thema vum Camp „Go Urban“ steet, invitéiere
mir Iech Sonndes, de 25. September ab 8:30 Auer op Diddeleng an den Hall Fondoucq
(bei der aler Schmelz). Gestart gëtt mat Kaffi a Croissanten, enger Mass an enger klenger
Begréissung. Duerno geet et moies weider mat enger Foire ganz am Kader vum Camp 2017.
D’Mëttegiessen ass dëst Joer e bëssen anescht gestalt. Nämlech waarden 3 verschidden Iessbongen
op Iech, mat deenen Dir Iech bei 3 verschidden Iessstänn (gefouert vu verschiddenen
Diddelenger Veräiner) dierft zerwéiere goen. Och d’Brancheversammlungen am Nomëtte stinn
ënnert dem Thema „Go Urban“ a sinn deemno Souscamp-Versammlungen. De ganzen Dag
iwwer ass och selbstverständlech fir Gedrénks a Gegrills gesuergt.
Transport:
Mam Zuch ass Diddeleng ganz gutt erreechbar.

  • KONGRESS: Gare „Dudelange-Ville“ oder Gare „Dudelange-Centre“.
  • CHEFDAG: Gare „Dudelange-Usine“

Déi verschidde Parkméiglechkeete sinn am Plang markéiert.
Mir feeën eis op Iech,
Mat beschte Scoutsgréiss,
De Grupp St. Jean Diddeleng