LGS/SNJ NuetsFunkRaid 2020
Wat ass dat ?
• Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
• Crashcours a Funk-Kommunikatioun
• Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
• Gruppenchallenge
• En Erliefnis wat hänke bleift
Wou : Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck
Wéini : vum 11. op dem 12. Januar 2020
Timing : Ufank zu Ierpeldeng : Samschdes, de 11. Januar 15.00 Auer
Schluss zu Ierpeldeng : Sonndes, de 12. Januar géint 12.00 Auer
Fir ween : all Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un
Präiss : 35 €
Numerus Clausus : am ganze 50 Leit
Umellen : bis den 24. Dezember 2019 per Mail un umeldung@lgs.lu
Onbedengt uginn : Numm, Matricule, Adress, Telefonsnummer,
Email-Adress, Grupp, Branche
Bei Truppenumelldung : w.e.g. eng eenzeg Lëscht eraginn
Weider Detailer : komme no der Umelldung no.
Formatioun: Dëse Stage gëtt fir Cheffen als Recyclagemodull ( 2 Paddel)
unerkannt
An dann nach : – de Nuetsraid ass bei all Wierder
Georges Faber (Fabi)
georges@fabi.lu