21
2019
Sep

Mosaik Festival am Mariendall den 21.-22. September Kanudag & Chefdag

08:30

Mariendall

Léif Chef/taine, léiwe Chef
Hues du Loscht op:

  • ee ganze Weekend zesumme mat Cheffen aus dem ganze Land ze verbréngen
  • dech duerch flott a spannend Formatioune weiderzebilden
  • relax Stonne mat aner Cheffen ze verbréngen
  • Samschdeg owes Live Concerten, Lagerfeier
  • sonndes vill, flott a spannend Aktivitéiten, Infoen a Brancheversammlungen, déi dir beim Plange vum Guiden/Scoutsjoer hëllefen

Dann, komm op de Mosaik Festival vun den LGS am Mariendall 21.–22. 09. 2019

NEW: Dëst Joer sinn de Kanudag an de Chefdag Bestanddeeler vum Mosaik-Festival, dee vum 21. bis den 22. September 2019 um Site vum Jugendzenter (SNJ) am Mariendall stattfënnt.
De Chefdag selwer ass den 22. September. Et ass de gréissten Event am Guide- a Scouts-Joer, wou d’Cheffe sech begéinen, austauschen a vill Informatiounen iwwert dat neit Scoutsjoer kréien. Donieft ass et awer och eng super Geleeënheet, nei Iddie fir Aktivitéiten am Scoutsalldag ze kréien. Nom Feedback vum leschte Joer, hu mir dofir Villes nei iwwerluecht a méi aktiv gestalt.

NEW: Lass geet et scho Samschdeg owes mat enger Loungebar, Feierplazen, Grillstänn….
Vun 19h30 si Concerte vun Nicool ; Gaaserockbluesband ; Plemm Plemm Soundsystem.

NEW: Dir hutt Méiglechkeet vu Samschdeg op Sonndeg am Mariendall ze schlofen, ob dir um Kanudag dobäi sidd, oder owes eréischt fir d’Concerte kommt. Mir bidde Schlofplazen am Chalet oder scoutslike op der Wiss un (Zelt w.e.g. selwer matbréngen). Umeldung fir d’Schlofe mam Kaffi moies ënnert: Umeldung Chefdag fir Gruppen

Sonndeg um Chefdag: Nieft villen externen Acteuren, wéi Transfair, dem Naturpark Mëllerdall oder der Erlebniswerkstatt Saar, si Sonndeg um Chefdag natierlech och eis LGS-Ekippe mat dobäi. E flotte Mix aus Aktivitéiten, Diskussiouns-Ronn an Informatiouns-Stänn ass garantéiert.
Hei a puer Beispiller: Bei de Biber kënnt dir mat Naturfaarwe molen, bei den AvEx déi nei Fleur de Lys a Lieder abrennen; Programmekipp presentéiert praktesch Spiller fir är Versammlungen, d’Gilwell-Ekipp presentéiert de Gilwell-Camp 2021, bei respect.lu kënnt dir iwwert Extremismus diskutéieren a beim Native Village kënnt dir Wuessdicher selwer maachen a mat Gréngholz schnëtzen

D’Méiglechkeet fir den Austausch an d’Renconter soll dobäi awer och net ze kuerz kommen, dofir sinn och Brancheversammlunge virgesinn.
Horairë vun de Brancheversammlunge sinn:

  • 10:00 – 11:00: CaraPio; Austauschversammlung fir Amicalen; Frënn
  • 11:00 – 12:00 RaRo; Gruppechef
  • 13:00 – 14:00: Biber; AvEx
  • 14:00 – 15:00: Wëllefcher; Albatrossen
  • 15h00 ass dann de gemeinsamen Ofschloss

NEW: Info an Austauschversammlung fir Membre vun eisen Amicalen; Frënn…. WICHTEG: Gruppecheffe sollen dës Infoen un hir Amicale, Frënn weiderginn!

WICHTEG: Et si keng Parkplazen um Site. Dofir fueren Navette vun der Mierscher Gare.

Navette Samschdeg
Depart vu Miersch-Gare: 7h30; 8h00; 8h30
Départ vun Miersch-Gare ab 17h00 all Stonn bis 01h00.
Depart vum Mariendall: vu 17h00 all Stonn bis 01h00 (nuets), lescht Navettë Retour op Miersch-Garesowéi um 01h30 an 02h00

Navette Sonndeg
Depart Miersch-Gare: vu 7h30 bis 9h30 all 15 Minutten, dono all Stonn
Depart Mariendall: vun 9h30 bis 15h00 all Stonn; vu 15h00 bis 16h30 all 15 Minutten

Plang vun de Parkplazen

Mëttegiessen um Chedag: nohaltege Picknick aus regionale Produkter  12€ pro Persoun a Grill.

Umeldung bis spéitstens den 9. September 2019 um Umeldung Chefdag fir Gruppen

Opgepasst! D’Umeldung fir de Kanudag ass individuell. D’Umeldung fir Samschdeg den Owend a fir de Chefdag leeft iwwer de Grupp mat enger Umeldung! Memberen vum Verbandsgrupp, déi net iwwert ee Grupp ugemellt ginn, melle sech individuell un.
Bei Froe kënnt dir iech beim Tom Lahr ënnert tom.lahr@lgs.lu mellen!
Mir freeën eis op iech!

Umeldung fir de Kanudag
Umeldung Chefdag fir Gruppen
Umeldung Chefdag fir de Verbandsgrupp