11
2022
Jun

Wëllefcher – Naturdag

Dikrech, Friedhof

Mir wiesselen erem eis Plaz an dëst Joer ass eisen Naturdag zu Dikkrich am Bësch!

Wat? Dag an der Natur mat villen flotten a fräien Iddien wou dir Iech kennt inspiréiere loossen!

Wéini? Samschdes, den 11. Juni 2022 vun 10h00 Auer bis 16h00 Auer (dir däerft awer och manner laang kommen; allerdings recommandéiere mir dass dir op d’mannst 3 Stonne mat ärem Ruddel bei eis sidd)

Wou? Am Bësch zu Dikkrich beim Fridhaff (mir organiséieren eng Navette vun der Gare bis erop)

Fir wien? Fir all Wëllefchers-Ruddel aus dem Land (d’Plaze si limitéiert, déi 1. si vir 🙂

Participatioun? 2€ pro Wëllefchen; d’Cheffe bezuelen näischt

Umellen? Séier! Bis spéistens den 1. Juni op folgendem Formulaire: Naturdag

Bis geschwenn,

Är Wëllefchers-Ekipp