05
2022
May

Safe from Harm – Virstellung vun der LGS Richtlinn zu Dikrech an iwwer Zoom

18:30

Zu Dikrech am Home an iwwer Zoom

D’Ekipp Safe from Harm lued iech häerzlech op hir Diskussiounsronnen an. Dës sinn oppe fir all Chef vun den LGS.

Fir méiglechst all Chef ze erreechen bidde mir déi selwecht Diskussiounsronn op véier verschidden Datumer a Plazen un.

Wéini a Wou:

Wat:

De Verbandscomité vun den LGS huet d’Ekipp «Safe from Harm» beoptraagt, sech der Thematik vum Wuelbefanne vun all senge Memberen unzehuelen, dëst a Form vun engem berodenden an onofhängege Gremium.

Dës Diskussiounsronnen notze mir, fir eis Ekipp an eis ausgeschaffte Richtlinn virstellen. Dir fannt dës als Attachement vun dëser Newsletter.

Ausserdeem ginn dës Diskussiounsronne genotzt fir op är Froen ze äntweren a mat iech ze kucke wat dir eventuell um Terrain soss nach braucht (Dokumenter, Formatiounen, etc.).

Dës Richtlinn wäert déi offiziell Positioun vun den LGS iwwer d’ Wuelbefanne vun all senge Membere sinn. Si riicht sech deemno un all Benevollen dee bei de Scouten aktiv ass oder hëlleft, wéi och un all Professioneller, déi am Kader vun de Scoute schaffen.

Hei fannt dir de Link fir op d’Richtlinn ze kommen:

Safe from Harm LGS Richtlinn (chefbox.lgs.lu > Desk > Info > Adminbox)