08
2015
Oct

Tronc Commun I

18:00

Chalet Nicolas Rollinger um Neihaischen

De Weekend ass am Chalet Nicolas Rollinger um Neihaischen (1, rue Principale L-5290 Neihaischen). E fänkt Freides Owes um 18h00 un an dauert bis Sonndes Mëttes 18h00.

Matbrénge solls du :

  • Uniform a Foulard
  • Kleeder fir bei all Wieder erauszegoen
  • fest Schong
  • Schlappen
  • Schlofsak
  • Täscheluucht
  • Täschemesser
  • Wäschgeschirr
  • Gamell, Besteck a Becher
  • Kichenduch
  • Formatiounskaart (wann s du schonn eng hues)
  • evtl. e Kompass
  • evtl. e Muséksinstrument

E gudden Deel vun der Formatioun ass dobaussen oder am Keltenhaus. An dat wierklech onofhängeg vum Wieder. Dofir denk onbedéngt u waasserdicht a waarmt Gezei !

Wann s du nach Froen hues, kanns déi op formatioun@lgs.lu mailen oder dem Cathy Kirsch an der Géisserei uruffen (Tel.: 26 94 84).

Mir wënschen Dir eng flott Formatioun !

d’Formatiounsekipp

————————————————

D’Formatioun bei den Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) huet als Zil, de Chef/tainen Kenntnësser a folgende Beräicher ze vermëttelen:

  • D’Ziler, d’Method an d’Geschicht vum Scoutissem/Guidissem an d’Grondsätz vun den LGS
  • D’Roll als Chef/taine
  • D’Method fir mat Guiden a Scouten ze schaffen an där Branche wou de Kandidat Chef/taine wëllt ginn
  • Animatiouns- a Kommunikatiounstechniken
  • Guiden a Scoutstechniken
  • Den Emgank mat de Meedercher a Jonge vun der betreffender Branche
  • D’Sécherheet an Hygien bei den Aktivitéiten
  • D’Organisatioun an Opbau vum Verband vun den LGS
    D’Theorie, déi op der Formatioun mat aktive Methode vermëttelt gëtt, ass praxisbezunn.
Bei der Formatioun geet et net nëmmen ëm d’Cheffunktioun, mee si riicht sech un déi ganz Persoun.
————————————————