CaraPio Funkraid 2018

CaraPio National–Aktivitéit 

Wat ass dat ?

Een Nuets – Hike mat Funk – Guidage an der Traditioun vun « Night-Raid’er » , « Nightmare’chen », « Night-in-gale », « Night-Date », « Woodart-Night»,  « eXtrem Night» an « eXtrem Night reloaded» vun der CaraPio Equipe oder vläit anescht ausgedréckt:

  • Crashcours an Orientatioun (Kaart an Kompass)
  • Crashcours an Funkkommunikatioun
  • Orientéirungslaaf  bei all Wieder duerch d’Land
  • Gruppenchallenge an klengen Ekippen 4-6 Leit
  • Een Erliefnis wat sécher hänken bleift

Fir wien?  

all CaraPio – Truppen. Dëst ass eng National Aktivitéit an soumat  besonnesch Intressan fir Truppen mat wéineg Chefen oder Chefen déi nach keng Gülteg Ernennungen hunn.

Wéini ?

13./14. Januar 2018

Ufank Samschdes em 10 :07 Auer,
Schluss ass Sonndes Mëttes sou géint 11 :14 Auer.

Wou?

um Neihausgen am Chalet

Transport?

Am beschten mat Bus RGTR Ligne 144  opt d Neihaischen.

Präis?

35 Euro / Kapp

Umeldung?

  • duerch just eng Iwwerweisung pro Trupp op den CaraPio Kont
    BILL LU38 0026 1827 9868 5600 mam Vermierk:

Night-Raid 2018, Trupp, Zuel vun CaraPio an Zuel vun Chef

an gläichzäiteg duerch:

  • Online Umeldung

Di éischt sinn vir an bei 60 CaraPio ass leider Schluss. Umeldeschluss ass den 10. December 2017!

Oops! We could not locate your form.

Detailer?

Detailer zum genee Oflaf an wat een sou soll/muss matbréngen kréien déi ugemellten Truppen mat engem Bréif oder enger Mail nach virun der Chreschtvakanz Heem geschéckt.

Mathuelen?

alles wei emmer +een Reimer

Froen?     

Net zecken mä mailen an zwar un carapio@lgs.lu

 

Mir freeën eis op dech,