Verschidden LGS Gruppe bidden hier Hëllef un. Dës Lëscht gëtt reegelméisseg aktualiséiert.
Wann däi Grupp och hëlleft da mell dech op fir dat mir d’Lëscht aktualiséiere kënnen.
Sprang bei d’Dachs Gestallte Froen a weider Informatioune fir eis Gruppen
D’Verbandssekretariat ass erreechbar iwwert den 26 94 84 (vun 8 bis 12 Auer)
| Grupp | Uertschaft | Informatiounen | Handy/Telefon | |
|---|---|---|---|---|
| St. Pierre | Äischen Gemeng Habscht | Info & Kontakt | Commune de Habscht + 352 39 01 33 501 (9h-12h et 14h - 17h) |
|
| Frère Roger | Beefort | Disponible sur demande à la commune de Beaufort +352 83 60 45 - 1 |
||
| Abbé Pierre | Beetebuerg | Info & Kontakt | +352 691 106 838 | |
| St. Christophe | Beggen Dummeldeng Bärel Walfer | Info & Kontakt | +352 621 684 112 +352 661 885 089 |
|
| Jang de Blannen | Belair Stad | +352 691 631 231 | ||
| St. Paul | Bieles Zolwer | +352 691 664 283 | ||
| St. Louis / Ste Irmine | Bouneweg | +352 621 279 328 | ||
| St. François d’Assise | Cents | +352 661 421 824 +352 661 848 438 |
||
| St. Benoît | Cliärref Wäiswampich Ëlwen Wëlwerwolz Wëntger | +352 691 997 619 | ||
| St. Barbe | Déifferdeng (an Zesummenaarbecht mat der FNEL) | +352 27 400 496 | ||
| St. Jean | Diddeleng | +352 621 422 466 | ||
| St Laurent / Tony Noesen | Dikrich Gemeng Tandel Gilsdref Veianen Wuelëssen Angelduerf | Info & Kontakt | +352 691 878 650 +352 691 825 679 |
|
| St. Martin | Duelem | +352 621 189 528 | ||
| Hl. Baarbel | Esch/Alzette | +352 661 340 020 | ||
| St. Pirmin vum Séi | Eschduerf Gemeng Esch-Sauer | +352 661 819 524 +352 691 993 918 |
||
| St. Sébastien | Ettelbréck an Ëmgéigend | Info & Kontakt | +352 621 751 325 | |
| Ermesinde | Ettelbréck Waarken | Info & Kontakt | +352 621 362 235 | |
| Georges Everling | Gaasperech | +352 691 953 207 | ||
| Arche de Noé | Gemeng Koplescht | Kontakt & Info | +352 691 606 137 | |
| Mère-Thérèse | Gemeng Parc Housen | Info & Kontakt | +352 691 317 162 | |
| St. Cunibert | Gemeng Schengen Gemeng Réimech Gemeng Stadtbredimus Gemeng Wormer Gemeng Bous Gemeng Lenneng Beyren Waldbredimus | +352 661 962 533 | ||
| St. Maximilien Kolbe | Groussbus Mäerzeg Viichten Useldéng Préizerdall Wal Réiden | +352 691 209 962 | ||
| Don Bosco | Hesper Houwald Alzeng Fenteng Izeg | +352 691 533 152 | ||
| St. Martin | Jonglënster | Info & Kontakt | ||
| St. Willibrord | Käerjeng Fengeg Kenzeg Lenger | Info & Kontakt | +352 621 402 860 | |
| St. Marie | Käl | +352 621 777 875 | ||
| Immaculée | Lampertsbierg | Info & Kontakt | ||
| Lady B.P. | Leideleng | Info & Kontakt | +352 691 244 081 | |
| St. Alphonse | Lëtzebuerg | Info & Kontakt | +352 621 439 447 | |
| St. Laurent | Luerenzweiler Hënsdref Hielem Boufer Blaaschent Aasselscheier Lëntgen Gousseldeng Pretten | +352 621 634 813 | ||
| St. Laurent | Maacher Machtum Mäertert Waasserbëlleg | +352 691 601 948 | ||
| St. Michel | Miersch | Info & Kontakt | +352 661 879 736 +352 621 427 061 |
|
| Jules Bleser | Monnerech Foetz Biergem Steebrécken | +352 691 951 944 | ||
| St. Donat | Réiserbann Weiler-la-Tour Hassel Fréiseng Fenteng | Info & Kontakt | +352 621 486 386 | |
| St. Amalberge | Rodange-Rolleng | +352 621 671 079 | ||
| St. Jacques | Roodt-Syre Mensdorf Olingen Betzdorf Ber | +352 621 720 511 | ||
| Hl. Maerten | Sandweiler an Ëmgéigend | +352 621 435 440 | ||
| Abbé Poncin | Schëffleng Féitz Esch-Lalleng Näerzeng | +352 691 686 716 | ||
| St. Hubert / Ste Bernadette | Stengefort Hoen Klengbetten Gras | +352 691 388 079 | ||
| Ste Catherine | Suessem | Kontakt & Info | +352 621 460 050 (14h-18h) | |
| Mahatma Gandhi | Walfer | +352 691 601 046 |
DGF – Dachs Gestallte Froen & Informatioune fir eis Gruppen
Als Guiden a Scouten limitéiere mir eis Hëllef op “ufälleg” Leit (héijen Alter, chronesch krank) déi eleng sinn a keng Famill oder aner Hëllef hunn. Mir ginn net bei Leit déi wéinst dem Covid-19 “isoléiert” sinn (d.h. mam Virus infizéiert a krank sinn) oder “auto-isoléiert” sinn (d.h. mat Symptomer ewéi beim Covid awer ouni Test) oder a “Quarantaine” sinn (d.h. a Kontakt mat engem Covid-Infizéierte waren).
Dat ass net onméiglech, mä: D’Leit, deenen dir hëlleft si jo ne krank, also ass dat Geld scho mol ok; wann dir beim Wiesselgeld, dat dir de Leit zréck gitt, wëllt ganz sécher goen, da kënnt dir hinnen et och an eng Këscht oder soss eppes leeën, no e puer Stonnen ass de Virus futti.
Wa Leit iech eng Ordonnance an de Grapp ginn, gi sinn iech jo kloer den Optrag fir hir Medikamenter an d’Apdikt sichen ze goen an et ass dann normal dass dir wësst wéi eng dat sinn. Wien dat net wëll, kann d’Ordonnance an eng Enveloppe maachen a froen dass den Apdikter d’Medikamenter an eng Tut mécht.
Eenzel Gruppe kruten d’Kopéiere vun hirem Flyer vun Dréckereie gesponsert, vläicht mol einfach iergendwou froen…
Dot d’Uniform ëmmer siichtbar un, soubal dir ënnerwee sidd fir am Kader vun der BA Kommissioune fir aner Leit ze maachen. Gidd och ni zu méi wéi 3 op den Tour. Da gesinn d’Leit dass dir “an enger Missioun” ënnerwee sidd an net onnéideg (#bleiftdoheem).
De Coronavirus iwwerdréit sech iwwert Drëpsen, also beim Houschten oder Néitsen. Vu jonke Leit, déi keng Symptomer hunn, ass den Infektiounsgefor bei deene kuerze Kontakter un der Dier, fir d’Kommissiounen ze iwwerreechen, ganz geréng. Op jiddefalls vill méi niddreg wéi wann “ufälleg” Leit sech musse selwer an iwwerfëllte Supermarchéen deplacéieren.
Denkt drun dass eeler Leit wéineg an de soziale Medie present sinn an dofir är Proposen op Plaze wéi Facebook warscheinlech net gesinn. Dir kënnt z.B. Flyeren op “strategesche” Plazen ophänken (an de Supermarchéen, den Apdikten, bei den Dokteren, asw.) oder an de Bréifkëschte vun ärer Uertschaft / Quartier verdeelen.
Dës Aktioun leeft am beschten um lokale Plang. Dir musst lo net 50 Leit beliwweren, well anerer bidden och hir Hëllef un, op verschidde Plaze ginn z.B. och d’Gemengeverwaltungen an deem Sënn aktiv. Wann äre Grupp och nëmmen 2-3 Leit kann an dëser schwéierer Zäit hëllefen, dann hutt dir scho ganz vill geleescht.
Et hu sech eng Rei Leit gemellt fir ze hëllefen, déi keng Guiden a Scouten (méi) sinn. Mir hunn déi ëmmer opgefuerdert, sech bei engem lokale Grupp ze mellen. Wann dir dës Leit kennt, kënne si iech hëllefen. Passt awer op, dass si wierklech an eisem Sënn handelen. D’BA soll virun allem vu Guiden a Scouten ausgefouert ginn, op lokalem Plang, sou onkomplizéiert wéi méiglech. Aner Leit, kënne vläicht besser bei enger anerer Initiativ hëllefen, mëttlerweil ginn et där relativ vill.
Wie fir ufälleg Leit akafe geet, däerf elo net zousätzlech an e Spidol hëllefe goen, well do de Risiko grouss ass, dem Virus ze begéinen an dee mat de Kommissiounen ofzeliwweren.
Guiden a Scouten, déi net bei der BA engagéiert sinn, däerfen sech z.B. gär iwwer govjobs melle fir iergendwou ze hëllefen. Just oppassen, falls äre Grupp scho bei der BA matmécht kann et sinn dass iergendwann do Leit wech falen (z.B. well se krank sinn) an dir asprange musst. Dat geet awer net méi wann dir schonn op enger anerer Plaz wéi e Spidol hëlleft.
Load More
Léif Cheftainen a Chef,
Dir krut vun eis d’Recommandatioun, wéinst dem Coronavirus all Guiden- a Scoutsaktivitéite fir de Moment ofzesoen. Hei ass awer d’Iddi, wéi mir eis als Guiden a Scouten an dësen Zäiten nëtzlech maache kënnen:
Op där enger Säit ginn et lo vill ufälleg Leit, virun allem am héijen Alter, déi sech net méi virun d’Dier trauen, net mol fir akafen ze goen, an awer keng Famill hu fir ze hëllefen.
Op där anerer Säit hu mir lo honnerte vu Guiden a Scouten déi zwou Woche laang keng Schoul a keng Guiden- a Scoutsaktivitéiten hunn. Dës Jonk sinn awer weder krank nach a Quarantaine, si däerfe virun d’Dier.
Eis Avex, CaraPio a RaRo kënne sech ubidde fir an hierer Ëmgéigend deenen ufällege Leit ze hëllefen a fir si kleng Kommissiounen erleedegen : akafe goen, Medikamenter an der Apdikt besuergen, asw.
Mir sinn an der aussergewéinlecher Situatioun vun enger Pandemie an déi erfuerdert aussergewéinlech Moossnamen an dozou gehéieren d’Solidaritéit an d’Mënschlechkeet. Mir schreiwen eis sou gär op de Fändel dass mir sou vill BAe maachen, lo ass de Moment dat wierklech ëmzesetzen !
Wann dir mat ärer Unitéit wëllt an deem Sënn aktiv ginn, fannt dir bei dësem Bréif en Dokument mat weideren Erklärungen.
A lass!
de Verbandscomité
PS: bei weidere Froe kënnt dir iech gär op mellen
BA Coronavirus (COVID-19) (PDF)
BA Coronavirus (COVID-19) – Rotschléi – UPDATE (PDF)
BA Coronavirus – Bréif LU
BA Coronavirus – Bréif FR
