09
2021
Jan

Funkraid : OFGESOT

Neihaisgen

De Funkraid ass ee flotte Rallye mat Funkapparat, Kaart a Kompass fir CaraPio Truppen. Maach mat!

CaraPio Funkraid

Wat ass dat ?

Een Hike mat Funk fir all CaraPio Truppen. Um Programm steet:

  • Crashcours an der Orientatioun (Kart a Kompass).
  • Crashcours an der Funk-Kommunikatioun.
  • Orientéirungslaaf bei all Wieder duerch d’Land.
  • Gruppenchallenge an klengen Ekippe vu max. 4 Leit.
  • Een Erliefnis wat sécher hänken bleift!

Dëst ass eng National Aktivitéit an ass domat besonnesch intressant fir Truppe mat wéineg Chef oder Chef déi nach keng gülteg Ernennungen hunn.

Corona ?  

Well mer dëst Joer duerch Corona méi stark ageschränkt sinn, musse mer d’Organisatioun bëssen upassen:

  • De Funkraid fënnt iwwert den Dag statt. (ouni Iwernuechtung)
  • All Trupp kritt eng aner Auerzäit zougedeelt, zu där se um Neihaisgen soll sinn. Sou kënne mir garantéieren dass kee Kontakt tëschent den Truppen entsteet.
  • Start fir déi éischt Trupp ass moies um 8h00 um Neihaisgen. Déi letzt Trupp ass spéitsdens um 22h00 rem zeréck.
  • Eng Ekipp um Raid besteet aus max. 4 Participanten. (All Trupp soll sech also an Ekippen zu max. 4 Persounen umellen.)

Wéini / Wou ?

Samschdes den 9. Januar 2021 um Neihaisgen

Start: Samschdes Moies ab 08:00 Auer,
Schluss: Samschdes Owes bis 22:00 Auer.

All Trupp kritt eng aner Auerzäit zougedeelt, wéini sie um Neihaisgen solle sinn.

Präis an Umeldung?

Andeems all Trupp sech iwwert den Online Formulaire umellt:

  • Online Umeldung (ënnen op der Säit)

an och d’Participatioun vu 25,00 € pro Persoun op de Konto vun de CaraPio iwwerweist:

  • Kontosnummer: BILL LU38 0026 1827 9868 5600
  • Vermierk: Funkraid 21, <Trupp>, <Unzuel CaraPio>, <Unzuel Chef>
  • Just eng Iwwerweisung pro Trupp w.e.g.

Di éischt sinn vir an bei 11 Ekippen, respektiv 44 Participanten ass leider Schluss.

Umeldeschluss ass de 27. Dezember 2020!

Détailer?

Detailer zum genee Oflaf an wat een sou soll/muss matbréngen kréien déi ugemellten Truppen per E-Mail nach Enn Dezember geschéckt.

Mathuelen?

  • Mask
  • Kompass + Réimer
  • Blat + Bic
  • Bidon
  • Gezei fir bei all Wieder
  • Gamelle a Besteck

Froen?     

Zéck net a mell dech bei eis: carapio@lgs.lu

Mir freeën eis op dech,

d’CaraPio Ekipp

 


Online Umeldung:

All Trupp soll sech um Funkraid an Ekippe vu max. 4 Leit andeelen.

D’Umeldung ass zou. Leider si keng Plaze méi fräi.

Formulaire op carapio.lgs.lu