25
2020
Nov

WAGGGS – 16 Days of Activism

Dëst Joer fokuséieren sech d’16 days of activism op “victim blaming”!
Geschlechtspezifesch Gewalt
Iwwerall op der Welt, an op alle Kontinenter, si Fraen a Meedercher nach ëmmer an disproportionéierte Moossen Gewalt ausgesat, sief et sexualiséiert, häuslech, oder psychologesch Gewalt, mee och ekonomesche Mëssbrauch an Exploitatioun. Dëst ass een vun den bestännegsten Verstéiss géint Mënscherechter, a setzt deeglech d’Liewen an d’Integritéit vun ville Fraen a Meedercher a Gefor. Haut sti mir zesummen fir #orangetheworld an fir der geschlechtsspezifescher Gewalt en Enn ze sëtzen.
 
Victim blaming
“Victim blaming” ass, wann en Opfer vun engem Verbriechen oder vun engem aneren Feelverhalen ganz oder deelweis responsabel gemaach gëtt fir dat wat hinnen ugedoe gouf. Dat passéiert nach vill méi oft bei sexualiséierter Gewalt géint Fraen a Meedercher. Wat dat heescht ass dat d’Opfer schëlleg gemaach gëtt fir dat wat passéiert ass. Bei sexualiséierter Gewalt gëtt zum Beispill a Fro gestallt wat se deen Moment unhaten, wisou se zu enger gewëssener Zäit dobausse waren, ob se eleng waren, ob se gedronk haten, oder souguer ob se sech dann gewiert hunn. Fir Opfer vun häuslecher Gewalt héiere mir oft “wisou huet hat hien dann net verlooss, wann et sou schlëmm war?”
Sou Kommentaren sinn net nëmmen falsch, mee si droen zum Problem bäi, andeems se Fraen a Meedercher déi Gewalt erlieft hunn Roueg halen, an domadder de Pouvoir an d’Kontroll vum Täter verstäerken, wat deem erlaabt mat sengem abusiven Verhalen weider ze maachen ouni Konsequenzen oder Bestrofung.
 
16 days of activism
16 days of activism sinn eng global Beweegung déi sech vum 25. November (gëschter, Internationalen Dag fir d’Eliminatioun vun Gewalt géint Fraen) bis den 10. Dezember (Dag vun de Mënscherechter) zitt. Obwuel dëse Kampf all Dag vum Joer wichteg ass, sinn dës 16 Deeg en Wee fir op de Problem opmierksam ze maachen an ze sensibiliséieren, an fir méi global Aktioun auszeléisen. Et ass och eng gutt Geleeënheet fir eng Konversatioun ze starten, mat äre Frënn oder ärer Famill, oder mat ärem lokale Grupp.
 
Remarque 
Et ass immens wichteg ze notéieren dass net all Fraen dës Gewalt am selwechte Mooss erliewen. Zum Beispill si schwaarz oder transgender Fraen där Gewalt nach méi ausgesat wéi wäiss, cis an heterosexuell Fraen. Et geet net drëms d’Leed ze hierarchiséieren, mee drop opmierksam ze maachen dass ALL Stëmm am Kampf géint Ënnerdréckungen muss gehéiert ginn.
Activity Pack 
Schabloun fir eng “Pledge ze maachen”