Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Aktivitéitsiddien - Oktober

Léif Biber-, Wëllefcher- an Avex- Chef:tainen,

 

 

Dat neit Guiden- a Scoutsjoer huet hoffentlech bei iech all gutt ugefaangen. 

Fir iech de Start an dat neit Joer mat neie Versammlungen a neien Aktivitéite bësse méi einfach ze maachen, wäerte mir iech ab elo, all Woch bis all zwou Wochen e puer Aktivitéitsiddie schécken, déi dir a är Versammlungen abaue kënnt.

Heiansdo wäerten dat eenzel Iddie fir Spiller sinn, heiansdo wäerten dat Iddie sinn, wéi dir eng ganz Versammlung kënnt opbauen. Dir kënnt entweeder all Iddien ëmsetzen oder iech déi erauspicken, déi iech an ären Biber / Wëllef / Avex am beschte gefalen. Natierlech kënnt dir d'Iddien och esou  veränneren an ausbauen, wéi et fir iech an ärem Grupp am beschte passt. 

Weider Iddie fir Aktivitéite fannt dir och an der Chefbox, ënnert dësem Link: chefbox.lgs.lu/aktiviteiten

Mir wënschen iech vill Spaass dobäi! 

Aktivitéitsiddie fir Biber
Aktivitéitsiddie fir Wëllefcher
Aktivitéitsiddie fir Avex
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg